Am Kader vum 250. US-OnofhängegkeetsdagHunter Biden bereet, géint Trump-Filssen Eric an Donald Jr. an engem Käfeg-Kampf unzetrieden

RTL Lëtzebuerg
Et wier een Event, wéi een en net all ze dacks géif ze gesi kréien.
© AFP

An engem Instagram-Video zielt den Hunter Biden, datt hie vum Journalist a YouTuber Andrew Callaghan (Channel 5) gefrot gouf, an engem MMA-Käfeg-Kampf géint d’Filsse vum US-President Trump, Eric an Donald Jr. unzetrieden. Wéi de Fils vum demokrateschen Ex-President Joe Biden am Video, deen um offiziellen Channel-5-Instagram-Account verëffentlecht gouf, verréit, wier hie bereet matzemaachen. “Ech sot him, ech géif et maachen. Ech wier 100% in, wann hien et organiséiert kréich. A wann en et net hikritt, géif ech et awer maachen”.

Weder d’Wäisst Haus, nach d’Trump Organization, vun där den Donald Jr. an den Eric Trump CEO, respektiv Vizepresident sinn, huet op d’Erausfuerderung vum Hunter Biden reagéiert. D’Wäisst Haus plangt am Kader vum 250. US-Onofhängegkeetsdag jo effektiv en MMA-Event fir de 14. Juni, dat mat Kämpfer aus der US-amerikanescher MMA-Promotioun UFC.

Back to Top
CIM LOGO