Ronn dausend Leit si bei dësem Sondage Ufank Abrëll bei eise franséischen Nopere befrot ginn. Fir Dokteren heescht dat eng Gefor fir d'Gesondheet.

An eiser Gesellschaft si vill Leit no hirem Smartphone, hirer Tablett oder hirem Computer süchteg. Dat ass d'Resultat vun engem Sondage, deen a Frankräich en Dënschdeg publizéiert gouf.

Zwee Drëttel vun de Leit déi aktiv um Internet sinn, fille sech "ofhängeg" vum Ecran.

Zu der Fro "Géif dir mengen, dass dir vun ärem connectéieren Apparat ofhängeg sidd?" hunn 38% "e bëssen ofhängeg" an 29% "komplett ofhängeg" geäntwert. Zu dësen Apparater ziele Smartphonen, Tabletten, Computeren oder och nach connectéiert Tëleeën. Dat sinn 67% vun de Leit déi eng Ofhängegkeet spieren.

Ongeféier een Drëttel vun de Leit, déi beim Sondage deelgeholl hunn, fille sech "wéineg ofhängeg" fir 19% vun hinnen oder "guer net ofhängeg", dat ass bäi 13% de Fall.

1.033 erwuesse Persounen sinn de 4. an 5. Abrëll online befrot ginn. Hei ginn déi Leit, déi ni surfen, ausgeschloss. De Sondage gouf vun der April Fondatioun an Optrag ginn, déi sech haaptsächlech ëm Gesondheetlech Präventioun këmmert, an déi vun der April Versécherung ënnerstëtzt gëtt.
Een Hausdokter, dee bäi dëser Fondatioun schafft, ass der Meenung, dass dës Resultater op eng Tendenz vun der "digitaler Hyperconnectioun" bei de Fransousen hindeiten.

Hei gi ganz däitlech Gefore fir d'Gesondheet ënnerstrach, wéi Problemer fir ze schlofen, eng gestéiert Ernärung oder ongenügend physesch Aktivitéit.

Déi Meescht sondéiert Leit ginn och zou, dass dat permanent Benotze vun engem Ecran (kleng oder grouss) een negativen Impakt huet. 57% mengen, si géifen doduercher net genuch Sport maachen. 56% denken, dass se wéinst dem Ecran Schlofproblemer hunn a 76% spieren, dass hir Siicht méi schlecht ginn ass.

Am Duerchschnëtt verbréngen déi Leit, déi beim Sondage matgemaach hunn, 4 Stonnen an 22 Minutten pro Dag virum Ecran vun hirem Smartphone, hirer Tablett oder hirem Computer. Bei Persounen, déi tëscht 18 an 36 Joer al sinn, klëmmt d'Dauer op 6 Stonnen an 28 Minutten den Dag. An et geet nach méi laang:

Leit, déi vill Responsabilitéiten op der Aarbecht hunn, kënne bis zu 7 Stonnen an 13 Minutten virum Ecran bleiwen.

77% vun de Leit sinn der Meenung, dass den Internet "déi néideg Plaz hëlt" an hirem Liewen, woubäi 22% mengen, dass dës Aktivitéit hinnen "ze vill Zäit kascht".