Am Nepal zerwéiert den éischte Roboter an engem Restaurant

© afp
De Weltwirtschaftsforum huet gerechent, dass bis 2025 méi wéi d'Halschent vun den Jobben vu Roboter géifen erleedegt ginn. Dat Duebelt vun haut.
U sech kennt een dëst Land am Himalaya éischter fir seng Bierger, wéi fir seng technologesch Innovatiounen. An awer, eng Equipe vu 25 Ingenieuren huet méintlaang an engem Büro mat 3 Zëmmeren um Prototyp vum Ginger (Ingwer op Englesch) geschafft, fir op dat Resultat ze kommen, wat haut am Restaurant Naulo agesat gëtt.
Den Ginger ass richteg populär an dacks gesäit ee Clienten, déi nëmme fir dëse spezielle Service kommen, deen eng Héicht vun annerhallwe Meter huet. De Roboter schwätzt Englesch an Nepalesesch a kann esouguer op Witzer reagéieren, wéi Siri oder Alexa, déi mëttlerweil bekannt Stëmm-Assistente vun Apple oder Amazon.
De Binay Raut ass de Chef vun der Firma, déi den Ginger gebaut huet an ass houfreg op seng Leeschtung. An dësem Restaurant gëtt en op alles Méigleches getest: Hindernisser, Reaktioun vun de Leit, Bestellungen, Raum a virun Allem och säi Behuelen an engem hekteschen Environnement wéi an engem Restaurant. Hei gëtt de Roboter souzesoen ugeléiert, oder weider programméiert.

© afp
D'Cliente bestellen iwwer Ecranen déi an den Dëscher agebaut sinn. De Roboter gëtt an d'Kiche geruff soubal eng Commande prett ass. Am Moment sinn nach "richteg" Garçonen am Asaz fir dem Ginger am Noutfall hëllefen ze kënnen, ee weideren Update soll de Roboter komplett eegestänneg maachen.
De Star ass hei net de Kach, mä dëse robotiséierte Garçon, mat deem vill Leit natierlech ee Selfie maachen, wat fir d'Maschinn net ëmmer einfach ass ze meeschteren, wann aner Cliente mussen zerwéiert ginn. D'Leit gleewe meeschtens net, dass se am Nepal gebaut a produzéiert goufen, well se "esou schéi sinn".
De klengen Team ronderëm dëse Projet wëll op alle Fall de Prototyp hei perfektionéieren, ier en an d'Masseproduktioun kënnt, fir op méi Plazen agesat ze ginn. Dat ass den Dram vum Binay Raut, dësen 27 Joer alen Mann, dee prett ass, mat sengem Roboter d'Welt ze erueweren.

© afp