D'amerikanesch Internetentreprise baut ee 5. Datazenter an Europa, dat awer bis op Weideres net zu Lëtzebuerg ma an Dänemark.

Ëmmer wann een neien Datazenter gebaut gëtt, géif ee kucken, dass op dëser Plaz digital Infrastrukturen vu beschter Qualitéit zur Verfügung stinn, an erneierbar Energien disponibel sinn, esou Google Europa.

Zu Fredericia an Dänemark hätt een ideal Konditioune virfonnt. Et huet ee sech dozou verflicht, op 100 Prozent carbon-fräi Energie ze setzen, virop op Wand- a Solarenergie.

Fir déi lokal Ekonomie géifen tëscht 2018 an 2021 1'450 Aarbechtsplazen entstoen. Duerno kéinten tëscht 150 an 250 Aarbechtsplaze geschafe ginn, déi permanent am Datazenter schaffen. Den Datazenter wier en Invest vu 600 Milliounen Euro.

2021 soll esou dee 5. Datazenter vum Internetris an Europa opgoen.

Op Nofro heescht et, datt et iwwert de Lëtzebuerg Projet näischt Neies gëtt, esou Vertrieder vu Google Benelux. RTL-Informatioune no géifen et och zu Lëtzebuerg Kontakter mat der lokaler Ekonomie ginn. D'Gemeng Biissen wëll hir Bierger am Dezember iwwer e méigleche Projet informéieren.

A ganz Europa géif ee weider an nei innovativ a gréng Projeten investéieren. A vläicht iergendswann no 2021 huet de Grand-Duché säi Google-Datazenter.