Instagram wëll Fake-Likes a Fake-Followers bekämpfen

Kommentaren, Likes a Followeren, déi duerch aner Appen kaf oder bestallt goufen, solle vun elo un net méi méiglech sinn.
Wien huet net dovunner gedreemt, esouvill abonnéiert Leit um soziale Reseau ze hu wéi de Ronaldo? Fir op dës ganz héich Zuel ze kommen, kann ee sech falsch Reaktioune mat Hëllef vun Appe kafen.
Instagram nennt dat een "onauthentescht Behuelen" a wëll dat elo bekämpfen, fir dass d'Leit um Reseau alleguer déi Kommentaren oder Likes kréien, déi se wierklech verdéngt hunn. Promien, Firmen, Influenceren oder och nach politesch Perséinlechkeeten hunn dat scho méi dacks gemaach, fir Visibilitéit ze gewannen an doduercher u "richteg" Leit méi einfach ze kommen.
Fir d'Responsabel vun der Plattform ass et virun allem e Verstouss géint d'Reglement, awer och eng Menace géint déi richteg Kommunikatioun tëscht de Leit, déi do ageschriwwe sinn. D'Sécherheet wier och a Gefor, well dës Appen dacks Donnéeë benotzen, déi se net sollen, fir hir Clienten ze zerwéieren. Verschidde Usere sinn och hei betraff, ouni iwwerhaapt dovunner Bescheed ze wëssen, dofir och d'Motivatioun vun Instagram, fir déi Appen ze zerstéieren.
Dëse Phänomen gëtt mat enger kënschtlecher Intelligenz entdeckt an déi suspekt Aktivitéit gëtt automatesch vum System erausgeholl. Déi betraffe Leit kréien dann eng Noriicht, an där drasteet, dass d'Passwuert aus Sécherheetsgrënn soll erneiert ginn. Esou hunn aner Appe keen Zougang zum Kont méi.
Am Communiqué steet ganz kloer, dass Konten, déi nach aner Appe benotzen, fir hir Audienz kënschtlech ze vergréisseren, ganz geschwënn aner Experienze kéinten erliewen, déi bäi Wäitem net esou schéi sinn. Et kéint also dozou kommen, dass verschidde Funktiounen da blockéiert ginn. Wat feststeet ass, dass d'Zuel vu Followeren vu verschidde Konten an den nächsten Deeg drastesch fale kéint.
Eng Moossnam, déi 4 Joer nom grousse Kampf géint Fake-Konten aktivéiert gouf. Fir dass Instagram authentesch a méi mënschlech bleift, esou d'Responsabel.