Eng nei Streaming-Offer vun Apple kéint 2019 kommen

© StockSnap
Wéi Google oder Amazon, géif elo och Apple un engem einfachen TV-Stick schaffen, fir säin neie Streaming-Programm ze verstäerken.
Wéi virun 12 Joer den Apple TV lancéiert gouf, hat keen esou richteg dru gegleeft, a mat der limitéierter Zesummenaarbecht vun de Filmstudioen ass d'Konzept laang an der Experiment-Phas bliwwen. Zanterhier huet sech awer munches an der Entertainment-Welt gedoen. Netflix huet mat senger Offer d'Kaarten nei opgedeelt.
"Original Content" ass déi nei Strategie vun de verschidde Fournisseuren um Netz. Alles gëtt vun den Haiser produzéiert an exklusiv op deene Plattforme gewisen. Disney soll d'nächst Joer och beim Kampf mat senger eegener Streaming-Offer Disney+ präsent sinn, och wann dëst méi spéit kënnt, wéi bei der Konkurrenz. Apple huet dat elo och wëlles: eng Milliard Dollar soll schonn an esou Produktiounen investéiert gi sinn.
D'TV-App, déi Apple Enn 2016 proposéiert hat, fir Filmer oder Serien ze kucken, déi iwwer iTunes kaf oder geléint goufen, gëtt och benotzt fir vun dësem originale Contenu ze profitéieren. Déi amerikanesch Televisiounschaîne CNBC huet och gemellt, dass Proprietäre vun engem iPhone, iPad oder Apple TV, déi dës App schonn installéiert hunn, gratis vum neie Service profitéiere wäerten. Nei Clienten unzéien ass wichteg, awer et soll een net déi Leit vergiessen, déi scho präsent sinn.
Fir dësen originale Contenu nach méi attraktiv ze maachen, wéilt d'Firma zu Cupertino den Zougang vereinfachen, an eng Dongel-Versioun vum Apple TV mat direktem USB- oder HDMI-Uschloss proposéieren.
D'Konkurrenz ass grouss, Amazon a Google sinn op deem Terrain schonn e Stéck méi wäit, esou den Tech-Portal The Information. Dësen neie Produit ass nach net vum Internet-Ris bestätegt ginn, an awer soll et hei méi séier, méi praktesch a méi gënschteg sinn, wéi et bis elo de Fall war. Am Verglach war een Apple TV 4 Mol méi deier wéi den Fire TV vun Amazon oder Chromecast vu Google.
Apple muss fir seng eege Plattform natierlech e Contenu ubidden, deen et soss néierens gëtt. Grouss Nimm goufe schonn als Partner ugekënnegt wéi Steven Spielberg, Oprah Winfrey, Jennifer Aniston oder och nach Reese Witherspoon. Et gëtt also nach eng spannend Geschicht ze gesinn, wat genee an deem heite Kontext proposéiert gëtt a wéi d'Konkurrenz reagéiere wäert.