D’sozial Netzwierk Facebook geet an der Affär ëm d’Cambridge Analytica Affär géint eng Amende aus Groussbritannien an Appell.

Dat soziaalt Netzwierk Facebook geet an der Cambridge Analytica Affär géint eng Amende aus Groussbritannien an Appell. Och an der Europäescher Unioun gëtt ëmmer nees un héich Amenden erënnert, fir déi amerikanesch Entreprise un hir Obligatiounen z'erënneren.

AUDIO: Facebook Amenden - Reportage Bill Wirtz

Déi lescht Woche ware net immens fir Facebook: D’Entreprise geet an Appell géint eng ronn eng hallef Millioun Euro un Amenden, déi se dem britesche Staat bezuele mussen, fir hiren Involvement an der Cambridge Analytica Affär. 100 Milliounen Euro ginn un den italienesche Staat, fir net bezuelte Steieren. Am Kontext vum Dateschutz sot d’Margarete Vestager, EU Kommissäre fir Competitioun, am Juni dëst Joer, dass et u sech besser wier, et géing ee fir Facebook bezuelen an hätt da richteg Privatsphär.

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Frank Engel ass skeptesch, dass et bei der Envergure vun den haitege soziale Medien iwwerhaapt nach méiglech ass, d’Kontroll ze behalen. Kleng Entreprisë kéinten dat nach managen, mee bei zwou Milliarden User wier dat immens schwéier.

Erwaardungen déi zënter der neier genereller Dateschutzreegelung vun der EU an anere Legislatiounen, wéi zum Beispill déi, géint Diffamatioun an Opruff zum Haass, un Entreprise gestallt géifen, wieren oft schwéier realiséierbar.

Et misst een hoffen, dass grouss Amenden hir Wierkung weisen. Mat radikale Positioun wéi der Spléckung oder souguer der Verstaatlechung vu Facebook, kann de Frank Engel näischt ufänken. Ee staatleche Facebook hätt an der Vergaangenheet KGB geheescht a wier näischt wat ee sech wënsche sollt.

Grondsätzlech, sou de CSV-Politiker, wier een dorop ugewisen dass sech sou grouss Entreprisen, um Enn vum Dag responsabel behuelen.

*Foto-Copyright: www.shopcatalog.com