Plainte géint Airbnb nom Retrait vun de Kolonien am Westjordanland

© afp
En Donneschdeg gouf d'Plattform virun der israelescher Justiz ugeklot, nodeems ugekënnegt gouf, dass d'Lokatiounen an deem Gebitt gestoppt ginn.
Eng Plainte, déi virum Geriicht vu Jerusalem am Numm vun enger Awunnerin vun der Kida-Kolonie, am Norde vum Westjordanland, gemaach gouf. Aner betraffe Proprietären, vun deenen d'Wunnengen net méi um Site ze fanne sinn, kéinten, dem israelesche Recht no, sech dem Maanit Rabinovich uschléissen, esou eng israelesch Affekoten-Etüd.
Dës Awunnerin seet sech entsat iwwer de Fait, dass d'Firma, fir Wunnengen online ze fannen, hire Kontrakt net respektéiere an ouni Frist kënnege géif. D'Plainte schwätzt och vun Diskriminatioune géint Israel, well op der Welt etlech Plaze kontestéiert an awer nach ëmmer an der Offer vun Airbnb sinn.
D'Affekote froen eng Indemnitéit vu 15.000 Schekel (ronn 3.500 Euro) fir d'Fra an all Persoun aus der Géigend, déi sech onfairerweis benodeelegt fillt. Et freet ee sech, wéi d'Chancë stinn, dass d'Plainte iwwerhaapt bis bäi d'Online-Plattform ukomme kann, well Airbnb kee Büro am Land huet. D'Affekoten hunn eng Demande agereecht, dass d'Affär och an d'USA weidergeleet gëtt, den Haaptsëtz vun der Plattform ass zu San Francisco.
Westjordanland ass e palestinenseschen Territoire, dee vun der israelescher Arméi zanter méi wéi 50 Joer besat ass. Déi international Communautéit erkennt déi israelesch Kolonien op där Plaz net un a mengt, et wier eng schlëmm Barrière géint de Fridden. Déi israelesch Regierung ass mat dësen Aussoen net averstanen.