Op Twitter kann een en zimlech onwahrscheinleche Video gesinn, an zwar dee vun engem Mann, deen duerch Paräis op engem Briet flitt.

Et ass keng Science-Fiction, et ass keng deier amerikanesch Produktioun, mä de franséische Staatssekretär fir digital Entwécklung, dee mat sengem Smartphone filmt. De Mounir Mahjoubi war beim Forum de l'innovation et de la défense, wou de Prototyp vum Hoverboard virgestallt gouf.

De Modell wier esou intressant, dass déi franséisch Arméi bereet wier, dee perfektionéieren ze loossen. De Franky Zapata, deen d'Iddi hat an den Hoverboard gebaut huet, ass selwer iwwer d'Seine an der franséischer Haaptstad geflunn. Op enger Héicht vun 20 Meter swingt hien tëscht de Gebaier, wéi wann dat näischt wier.

De franséische Staatssekretär ass wuel begeeschtert, well en a sengem Tweet confirméiert, dass et sech ëm e militärescht Hoverboard handelt. Allerdéngs war et fir de Zapata net einfach, säi Prototyp ze testen, well an Europa ganz vill Reglementer a Gesetzer d'Fléie limitéieren. De Mann huet misse fir eng Zäitchen an d'USA wunne goen, fir seng Erfindung ze verwierklechen.

Dem Parisien géigeniwwer sot de Zapata, dass hien extrem houfreg ass, mat der Arméi ze schaffen, och wa seng Maschinn och fir den zivillen Transport geduecht ass. Vun der franséischer Arméi kritt hien eng Hëllef vun 1,3 Milliounen Euro fir säin Apparat ze entwéckelen, mat am Zentrum vun dësem Konzept den éischte Mikro-Turbo-Reakter vun der Aviatioun, esou nach déi franséisch Zeitung nom Interview mam Franky Zapata.