Keng einfach Zäit fir Bitcoin-Besëtzer

© AFP
Déi bekanntst Kryptowärung erlieft den Ament e Wäertverloscht, deen eng historesch Envergure kéint unhuelen.
Eng éischte Kéier zanter annerhallwem Joer ass de Bitcoin op der Bourse ënnert de Wäert vu 4.000 Dollar gefall. Plazeweis esouguer ënnert 3.500 Dollar. Bannent enger Woch huet d'Kryptowärung domat een Drëttel vun hirer Valeur verluer. Wéi geet et elo weider mam Bitcoin?
De Pierre Jans huet nogefrot an zwar beim Finanzexpert Claude Schettgen. De Weekend hunn de Gros vun de Medien uechtert d'ganz Welt vun engem reegelrechte Bitcoin-Crash geschwat. E Méindeg huet zum Beispill den US-Sender CNBC awer geschriwwen, d'Kryptowärung hätt sech nees zeréck gekämpft.
Domat ass dem Bitcoin säin historesch déifsten Niveau net méi all ze wäit ewech. 2011 war dat. Deemools war et e Crash vun iwwer 90 Prozent. Allerdéngs sinn deemools, wou de Bitcoin e relativ neit Phenomen war, just 150 Milliounen duerch d'Päif gewiescht. Zanter engem Joer ass de Marché vun der Kryptowärung ëm 260 Milliarden agebrach. D'Baisse hat ugefaange just nodeems de Bitcoin säin héchsten Niveau erreecht hat. Dezember 2017 war dat. Bal 20.000 Dollar pro Mënz. Elo wier wuel déi iwwer-noutwendeg Korrektur endlech agetrueden, mengt de Claude Schettgen.
D'Investisseure wëllen elo net méi investéieren, heescht et an den Zeitungen. De Claude Schettgen seet awer, et misst een oppassen, wat een Investisseuren nennt. Hien huet d'Gefill, dass do ganz vill Jonker an Onerfuerener drop gespronge wieren, well et eppes war, dat direkt mam Internet ze dinn hat, wat een all super-interessant consideréiert huet, woubäi een awer ausser Uecht gelooss hätt, dass hannert dem Bitcoin näischt ass. De Bitcoin huet keng Zentralbank, keng Kontroll a keng Reegelen, esou nach de Claude Schettgen.
Déi institutionell Investisseure wären an deem Marché iwwerhaapt nach net dran, esou de Finanzexpert nach. Wat awer net heesche géif, dass dat net eng Kéier de Fall ka sinn. De Claude Schettgen nennt d'Beispill Ohio. Den US-Bundesstaat plangt, dass Entreprisen hir Steieren a Bitcoins begläichen dierfen. De Bitcoin géif esou lues a lues ufänken, erwuessen ze ginn, seet de Finanzexpert. An no engem Déif kann et jo och nees no uewe goen. A long terme géing et elo Sënn maachen, sech de Bitcoin unzekucken an iergendwann eranzeklammen. An eng Mënz ass den Ament jo esou gënschteg ewéi scho laang net méi.