Fir déi éischte Kéier zënter 2012 ass um Méindeg den Owend ee Roboter vun der US-Raumfahrt-Agence Nasa um roude Planéit gelant.

Grouss Erliichterung bei der Nasa. No engem knapp siwe Méint laange Voll an engem héichdramatesche Landemanöver, ass di amerikanesch Sonde mam Numm "InSight" um Mars gelant. Scho kuerz dono huet se éischt Fotoe vum Roude Planéit op d'Äerd geschéckt.

RTL

Wéi et vun der Nasa heescht, géif dëst bedeiten, dass d'Sonde déi extrem komplizéiert Landung gutt iwwerstanen huet. Mat hirer Hëllef wëlle Fuerscher an den nächsten zwee Joer fir d'éischte Kéier dat Bannenzegst vum Mars a säin Opbau analyséieren.

RTL

RTL