Nëmme méi 15 Prozent vun de Jugendleche benotze Facebook

© afp
Enger rezenter Ëmfro no, soll Facebook bäi eisen däitschen Noperen par Rapport zum leschte Joer nach 10 Prozentpunkte verluer hunn.
Nëmme méi 15 Prozent vun den däitsche Jugendlecher benotze Facebook. Dat huet d'Handelsblatt en Dënschdeg zitéiert, op Basis vun der Studie "Jugend, Information, Medien" vum Medienpädagogischen Forschungsverbundes Südwest (MPFS).
Op der Pole Position vun der Kommunikatioun um Netz bäi de Jugendlecher ass WhatsApp ganz wäit vir, mat engem Resultat vu 95%. Do wou Facebook ëm 10 Punkten erofgefall ass, konnt Instagram gewannen. Vun 57 op 67 Prozent fir d'Foto-Plattform an och e Gewënn vu 5 Prozent fir Snapchat gouf et dëst Joer op 54%.
Fir sech ze informéieren, hunn se nach ëmmer de Reflex fir op traditionell Medien zréckzegräifen. Esou stinn Tagesschau an Tagesthemen vun der ARD ganz uewen op der Lëscht. Am Klassement vun den Noriichten fënnt een och regional Zeitungen an den ëffentlech-rechtleche Radio.
An dëser Etüd fënnt een och eraus dass d'Dauer, déi een um Internet verbréngt, erofgaangen ass. An engem normalen Dag vun der Woch sinn d'Jugendlecher 214 Minutten online. Zejoert waren et der nach 221, esou d'Aussoen vun de Jonker déi bäi der Ëmfro matgemaach hunn.
All Fënneften behaapt och Haass-Messagen méi heefeg ze begéinen, an 17 Prozent vun hinne soen si géifen heiansdo Feindschaft erliewen, woubäi dat fir 28 Prozent vun de befrote Persounen nëmme seele virkënnt. Een Drëttel vun hinnen ass nach ni mat Haass um Netz konfrontéiert ginn.
Bäi dëser Etüd goufen 1200 Jugendlecher befrot déi tëscht 12 an 19 Joer al sinn. 97 Prozent vun hinnen hunn en eegene Smartphone, Zweedrëttel ee Computer oder Laptop. Nëmmen ee Véierel ass am Besëtz vun enger Tablett. Dës Ëmfro gouf schonn fir d'20. Kéier iwwer Telefon tëscht Mee an August gefouert, d'Jugendlecher déi hei matmaachen ginn no hire Gewunnechten zortéiert, déi verschidde Medien ze benotzen.