D'Organisateuren hunn d'Editioun 2019 ofgesot. Zënter Jore scho war iwwer d'Enn vun der Cebit spekuléiert ginn.

D'Leit sinn déi lescht Joren net méi zu sou vill op Hannover komm. Den Organisateur Deutsche Messe präziséiert dass net nëmme manner Leit als Visiteur op d'Cebit kommen, et gëtt och eng Baisse an de Reservatiounen fir d'Aussteller festgestallt.

Et ass virgesinn, dass IT-Themen am Beräich vun der Produktioun, vun der Energie a vun der Logistik zu Hannover an déi weltwäit gréissten Industrie-Foire integréiert ginn. Parallel dozou sollen aner Themen, déi nëmmen am Cebit proposéiert goufen, bäi méi klengen a spezifeschen Evenementer organiséiert ginn. Hei ginn d'Haaptresponsabelen vun de betraffenen Industrien direkt invitéiert fir matzeschwätzen.

Deutsche Messe no, soll dësen Interessi-Verloscht duerch d'Entwécklung am Kader vun der digitaler Ekonomie beaflosst sinn, wou professionell Salonen wéi de Cebit einfach manner intressant fir de Public sinn.