Dëse Programm gouf vun Experte als ee vun den 100 Pionéier an Europa gewielt.

D'Zeitung Financial Times, Google an aner politesch Responsabel hunn de lëtzebuergesche Programm Luxembourg Digital Skills Bridge als ee vun den 100 Projeten an Europa, déi am Wäitste sinn am digitalen Domän, ausgezeechent. De Programm gouf gewielt, wéinst sengen Efforten an der technologescher Innovatioun an digitale Kompetenzen.

Luxembourg Digital Skills Bridge gouf vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft lancéiert a soll all Zort vun Entreprisen, egal wéi grouss se sinn, an hir Salariéeë virun der méiglecher Transitioun duerch den Impakt vun den Technologien ënnerstëtzen a weiderhëllefen. E radikalen Ëmbau an der aktiver Gesellschaft misst duerch eng nei Organisatioun op der Schaff evitéiert ginn. Déi betraffe Salariéeë kréien nei Aarbechte virgestallt a ginn ugeléiert, fir op der gläicher Plaz oder soss enzwousch weiderschaffen ze kënnen.

De Programm ënnersträicht eng proaktiv a präventiv Strategie am Kader vun dëser technologescher Revolutioun, déi d'Gewunnechten innerhalb vun den Entreprisen däitlech verännere wäert. Luxembourg Digital Skills Bridge weess och, dass d'Kompetenze vun de Persounen erweidert an ausgebaut musse ginn, fir se méi staark géint grouss Changementer ze maachen.

De Succès vum Programm made in Luxembourg gouf am Kader vun engem Google Digital Atelier Evenement zu Bréissel gefeiert. D'Gewënner krute perséinlech vum Mariya Gabriel, EU-Kommissärin fir Wirtschaft an digital Gesellschaft souwéi och vum Matt Brittin, Business & Operations President fir Google Europa, Noen Osten an Afrika gratuléiert.

RTL

© Google