D'Donnéeë vun enger hallwer Milliard Clientë vun der Marriott International Hotelschaîne sinn duerch dëse Sécherheets-Hack vu Pirate manipuléiert ginn.

D'Datebank, déi d'Reservatioune vun der Starwood-Divisioun geréiert, ass vun enger Grupp Leit attackéiert a fir illegal Zwecker benotzt ginn, esou e Responsabel vum Grupp. Eng intern Enquête hätt erausfonnt, dass Onéierlecher zanter 2014 Zougang zum Starwood-Reseau haten. Déi Leit hätten Informatioune kopéiert a codéiert. Donnéeë vu ronn 500 Millioune Leit uechter d'Welt wieren hei betraff.

Fir de Fall vun 327 Millioune Clientë war et eng Kombinatioun vun Numm, Adress, Telefonsnummer, E-Mail-Adress, Nummer vum Pass, Informatioune vum Kont, Gebuertsdatum, Geschlecht an Check-in- an Check-out-Detailer. A verschidde Fäll kéint et och sinn, dass Kreditkaart-Informatiounen am Dossier waren, mä engem Pressespriecher no wier et "net méiglech", dass och nach de Sécherheetsschlëssel geklaut gi wier.

An engem Communiqué seet sech d'Firma "entsat" an entschëllegt sech fir dës peinlech Situatioun. Marriott huet de Fall den Autoritéite gemellt, déi hir eegen Enquête lancéiert hunn. Eng speziell Websäit gouf och online gesat, fir betraffe Leit méi genee informéieren ze kënnen. Clienten an den USA, awer och a verschidden anere Länner kréien een Abo vun engem Joer fir ee Service, deen hinnen all Fraude detektéiere kann.

Clienten, déi am Kader vun dësem Problem betraff sinn, gi vun der Firma direkt informéiert. Marriott International huet Starwood virun 2 Joer opkaf, fir esou de gréissten Hotel-Grupp op der Welt ze ginn. Hinne gehéieren net manner wéi 5.800 Proprietéiten.

Zu der Chaîne gehéiere W Hotels, Sheraton, Le Méridien oder och nach Four Points by Sheraton. Hoteller, déi de Numm Marriott droen, benotzen eng aner Datebank, déi op engem anere Reseau leeft an déi hei net vun der Manipulatioun betraff war.

RTL