De Politikanalyst Philipp Lamprecht vum ECIPE seet awer och, datt Lëtzebuerg sech elo net kéint op den existéierende Resultater ausrouen.

D’Digitaliséierung ass ee grousse Sujet an der Europäescher Unioun a si beschreift am Moment ganz visibel den ekonomesche Succès vu ville Länner, dorënner och Lëtzebuerg.

De Politikanalyst Philipp Lamprecht vun ECIPE, dem European Center for International Political Economy, engem Think Tank zu Bréissel, schwätzt a senger Recherche vun “digital convergers”, “digital managerialists”, an “digital frontrunners”.

Déi éischt Kategorie wiere Länner, déi méi skeptesch bei der Digitaliséierung sinn, dorënner och Däitschland. Verschidden Industrien a Leit an der Zivilgesellschaft gesinn Digitaliséierung als Konkurrenz a sinn dofir méi skeptesch.

Vill Länner, dobäi ganz besonnesch Länner an Zentraleuropa, wéi Ungarn, Polen oder Tschechien, mengen, si kéinten am Digitalsecteur selwer näischt erreechen. Doduerch géif et dann un der néideger Kompetenz an Infrastruktur feelen.

Lëtzebuerg dogéint géif zu enge vun de Länner gehéieren, déi op dësem Dossier vill Progrès gemaach hunn, a souguer Virreider sinn.

Ee wichtege Facteur wier och digital Bürokratie, also de sougenannten “E-Gouvernement”, wéi en zu Lëtzebuerg schonn als guichet.lu existéiert. Wann een d’Bevëlkerung méi digital maache wéilt, da géing dat derzou gehéieren.

Digitaliséierung wier ee Prozess, deen andauernd viru geet. Lëtzebuerg kéint sech also net op existéieren Resultater ausrouen.