No der EU, wëll Däitschland elo och géint Amazon enquêtéieren

© afp
Déi däitsch Autoritéiten hunn eng Enquête wéinst Mëssbrauch vun hirer dominanter Positioun lancéiert. Vill Geschäftsleit fille sech benodeelegt.
Déi Responsabel vun der Enquête wäerte sech méi genee ëm d'Klausele këmmeren, déi vum US-amerikanesche Grupp un déi Entreprisen a Geschäftsleit imposéiert ginn, déi hir Produiten um Site vun Amazon wëlle verkafen. Hei geet et zum Beispill ëm d'Manéier, wéi Amazon déi Produiten online weist an erfaasst, wéi eng Persoun hiren Akaf annuléiere kann, wéi ee bezuele kann, asw... Mat senger duebeler Roll als gréissten e-Commerce Plattform op der Welt an als éischten online Distributeur, gëllt d'Positioun vun Amazon, an engem Circuit dee vun A bis Z vun hinne gereegelt gëtt, predominant.
Eleng an Däitschland mécht d'Säit ronn 45% vun den Online-Verkeef, souguer 75% mat de Servicer déi se och ubidden. All zweeten Euro deen eis däitsch Noperen um Internet ausginn, fléisst an d'Keess vum amerikanesche Ris.
"Dat stëmmt net ganz" seet ee Responsabel vun Amazon: méi wéi d'Halschent vun de Produiten, déi bäi hinne verkaf ginn, komme vu Kleng- oder Mëttelbetriber, déi duerch hir Plattform Millioune Clienten op der Welt erreeche kënnen. Lescht Joer hunn dës däitsch Firmen zum Beispill, laut Amazon, eng Rekordzuel vu méi wéi 2 Milliarden Dollar am Export erreecht.
Déi däitsch Justizministesch Katarina Berley wëll dës Zuele guer net bestreiden, hei geet et éischter ëm déi dominant Kraaft um Maart vun der amerikanescher Plattform, eng Kraaft, déi net iwwerdriwwe géint déi kleng Firme soll benotzt ginn. Dohier kommen dës Investigatiounen.
Et ass net déi éischte Kéier, dass eng juristesch Prozedur géint Amazon lancéiert gëtt. Mëtt September gouf eng Enquête vun der europäescher Kommissioun an d'Weeër geleet, dat am Kader vun Donnéeë vu Clienten, déi vun Amazon gesammelt goufen. Déi Detailer wiere bäi den eenzele Verkeefer, déi d'Plattform benotzen, geholl ginn. Esou eng Enquête kann e puer Joren daueren, dofir huet Amazon nach Zäit, de Problem ze léisen.
No däitsche Standarden ass bis ewell nach keng Geldstrof virgesinn.