Google Translate wëll mat der weiblecher Form méi gerecht sinn

© FirmBee
Kënschtlech Intelligenz ass dacks fraefeindlech, Google wëll dëse Problem aus der Welt schafen andeems fir 6 Sproochen all Kéiers e Choix proposéiert gëtt.
Et kann ee geschwënn tëscht enger weiblecher oder männlecher Iwwersetzung wielen, dat awer nëmmen an enger éischter Phas, wann ee vum Engleschen a 5 Sproochen iwwersetze wëll. A Richtung Franséisch, Spuenesch, Italienesch oder Portugisesch ass dës nei Optioun da méiglech, esou eng rezent Publikatioun um Blog vun der amerikanescher Internet-Firma.
Vun Türkesch op Englesch klappt dëse neien Choix allerdéngs och, wéi Google erkläert huet: "historesch gesi konnt de Programm bis elo nëmmen eng Iwwersetzung pro Demande ubidden, och wann d'Resultat esouwuel männlech oder weiblech war. Esou gouf hei, onfräiwëlleg, ee gewësse Sexismus reproduzéiert".
Zum Beispill gouf éischter eng männlech Form geholl fir Wierder wéi "staark" oder "Dokter" geholl. Bäi Wierder wéi "schéin" oder "Infirmière" gouf automatesch eng weiblech Versioun gewielt.

Google versprécht och an dësem Kampf méi Sproochen a méi Plattforme bäizesetzen, fir ze kucken, wéi een eng hallef automatesch Léisung beim Tippe kéint proposéieren.
An enger zweeter Phas wëllen déi Responsabel och d'Situatioun vum net-binär Genre reegelen, wou weder weiblech nach männlech zoutrëfft.