Méi wéi 50% vun der Weltpopulatioun ass online

© TheDigitalArtist
Ronn 3,9 Milliarden Leit benotzen Internet, wat esouvill heescht, dass fir déi éischte Kéier méi wéi 50% vun der Populatioun ugeschloss ass, esou d'UNO.
Enn 2018 sinn der International Telecommunication Union (ITU) no, enger Agence vun der UNO, 51,2% vun der Weltpopulatioun un den Internet ugeschloss.
Houlin Zhou huet sech an engem Communiqué ganz positiv gewisen: "Et ass e wichtege Schratt a Richtung vun enger méi inklusiver informativer Weltgesellschaft. Allerdéngs waarden nach ëmmer ze vill Persounen op d'Resultater vun der digitaler Wirtschaft, an déi digital Revolutioun soll kee Mënsch ouni Uschloss loossen", heescht et weider.
Räich Länner kennen e luesen a reegelméissege Wuesstem vum Internet-Benotzen mat mëttlerweil 80,9% vun der Bevëlkerung déi an deene Länner connectéiert ass, géint 51,3% am Joer 2005.
An Entwécklungslänner war d'Hausse méi spektakulär mat enger Evolutioun vun 7,7% virun 13 Joer op 45,3% Enn 2018. An Afrika gouf de gréisste Wuesstem observéiert mat enger Hausse vun 22,3% a 15 Joer, esou den ITU-Rapport.
An dësem Dokument erkennt een och dass ëmmer manner Festnetz-Abonnementer vermaart ginn, dogéint ginn et ëmmer méi mobil Nummeren. Mëttlerweil ass et esou dass et méi mobil-Aboen gëtt, wéi Leit op der Welt. 2007 waren et 4 héich-Vitesse-Aboen fir 100 Leit, 11 Joer méi spéit sinn et der 69,3, fir eng Gesamtzuel vun 5,3 Milliarden Abonnementer un den ganz séiere mobille Service.
Zum Schluss ënnersträicht nach d'ITU dass 96% vun der Weltpopulatioun hautdesdaags net wäit oder am Ëmkrees vun engem mobille Reseau lieft.