Esou kléngt et um Mars!
Fir déi éischte Kéier kann d'Mënschheet Geräischer vun engem anere Planéit héieren. Jidderee ka se nolauschteren.
De Mars-Roboter "InSight" huet nämlech de Wand, deen iwwer seng Solamodulle bléist, opgezeechent an hannescht op d'Äerd geschéckt.
D'Nasa huet dës Tounopname publizéiert - et héiert een awer just en éischter onspektakuläert "Gebléis" drop ...
D'Audiodateie wieren net geplangt gewiescht, ma se wieren awer en Highlight, esou een InSight-Expert.
E Loftdrocksensor an e Seismograph hunn de Sound vum Wand iwwer de Solarmodullen agefaangen. En erënnert un e Fändel an der Loft, esou ee Wëssenschaftler. "E bëssen ausserierdesch, ma genee dat ass et jo och", esou den Thomas Pike vum Imperial College London.
De Wand um Mars soll der Nasa no mat enger Vitess vu 5 bis 7 Meter an der Sekonn geblosen hunn.

De Roboter war am Mee 2018 op d'Rees geschéckt ginn an de 26. November op der flaacher "Elysium Planitia" nërdlech vum Äquator gelant.
Zu den Apparater fir Experimenter gehéiert och eng "Rammsond" aus Däitschland, déi e 5 Meter déift Lach an d'Marsuewerfläch klappe soll. Iwwer dee Wee erhofft ee sech, eppes iwwer d'Entstoe vum Roude Planéit viru Milliarde vu Joer gewuer ze ginn.
"InSight", dat kënnt vun "Interior Exploration using Seismic Investigations, Geodesy and Heat Transport", ass en 360 Kilogramm schwéiere Roboter, deen net mobil ass, ma op enger Plaz bleift. D'Missioun kascht eng 650 Milliounen Euro a soll 2 Joer daueren.
