Seng Wierder kënnen iwwerraschen an awer mengt de Ralf Kleber, dass Roboteren keng Gefor fir d'Aarbechtskraaft an der Logistik duerstellen.

An engem Interview fir t-online.de mengt de Chef vum däitschen Amazon, dass d'Präsenz vun intelligente Maschinnen, wéi Roboteren op der Aarbecht, net onbedéngt déi mënschlech Aarbechtskraaft eliminéiere wäert. Hie gesäit dës Evolutioun éischter als Job-Motor un. Virun allem an der Logistik gesäit hien hei iwwerhaapt keng Gefor.

"Zanter Amazon 2012 mat der Aféierung vun der Robotik ugefaangen huet, goufen et ronn 300.000 nei Aarbechtsplazen" esou de Ralf Kleber. Deen Trend soll sech an Däitschland weiderentwéckelen. Robotere ginn nëmmen agesat well ëmmer méi Cliente kommen a well ëmmer méi Produite bestallt ginn. D'Robotik géif just agesat ginn, fir iwwerhaapt mat den Delaien nokommen ze kënnen.

Zu de Kritiken iwwer d'Aarbechtskonditiounen an den Zentre vun der US-amerikanescher Firma an Däitschland wëll hire Chef soen, dass d'Konditioune gutt sinn: "déi Leit, déi dat net gleewen, solle gär een Tour vun de verschidde Sitte maachen". Duerch Robotere mussen d'Employéeën zum Beispill manner lafen, hei gi speziell Maschinne benotzt, fir d'Wueren automatesch transportéieren ze kënnen.

Amazon ass och responsabel fir déi permanent Kreatioun vun neien Jobs. An dat net "wéinst", mä "duerch" déi intelligent Maschinnen, déi ëmmer méi perfektionéiert ginn, esou de Kleber. Mat Hëllef vu Roboter gëtt d'Fläch reduzéiert, an esou kënnen nei Zentren a Géigenden opgemaach ginn, wou nëmme limitéiert Plaz disponibel war.