Fir eng Kéier gëtt et méi positiv News aus der franséischer Haaptstad mat engem Konzept vun Uber, dat och, wann ee wëll, de gudden Zweck ënnerstëtzt.

Wien huet net eng Kéier dovunner gedreemt, an enger Spillsaach ronderëm kutschéiert ze ginn? Dat ass vun en Dënschden bis en Donneschden zu Paräis méiglech! De connectéierte private Chaufferservice bitt dës Woch eng méi speziell Faart mat engem vu senge "UberToys"-Autoen un.

Well jo geschwë Chrëschtdag ass, wollt een d'Magie vun de Kaddoen a vun de Spillsaache méi no un d'Leit bréngen. Dat Bescht ass: Den Trajet kascht näischt, wann een d'Chance huet, mat esou engem Gefier ze fueren. Bis zu 4 Leit kënnen hei Plaz huelen, den Ufank an de Schluss vun der Faart sollen zu Paräis sinn. Dës Aktioun gëtt also fir näischt offréiert, allerdéngs kann ee vun der Opportunitéit profitéieren, fir en Don un de Secours Populaire ze maachen. Mam Code "SECOURSPOP" kann ee fir all Trajet, deen an esou engem "Auto" gefuer gëtt, 1 Euro un d'Associatioun iwwerweisen.

RTL

© JP

Esou kann ee mat engem ferngesteierten Auto, mat engem Camion vum Bauerenhaff oder och nach mat engem Modell, dee ganz aus Plastilinn gebaut gouf, fueren. Wéi ëmmer soll ee säi VTC (Voiture de transport avec chauffeur) iwwer d'App bestellen, a wann d'Optioun disponibel ass, kann ee mat esou engem speziellen Auto gefouert ginn. Dës speziell Offer gëllt bis den 13. Dezember an d'Autoe fueren tëscht 10 Auer moies a 6 Auer owes.