Esou kann ee mëttlerweil säi Kaffi doheem ouni Problem maachen, geschwënn kann een och ouni grousse Stress mat dëser Maschinn säi Béier selwer zapen.

Hautdesdaags wéilt een am Léifsten säin Iessen an Drénke selwer doheem produzéieren, allerdéngs ass Béier net ganz einfach ze brauen, well hei bei all Etapp all eenzel Komponent grëndlech muss desinfizéiert a gebotzt ginn. Eng Contrainte, déi dës intelligent Béier-Maschinn net kennt, vu dass hei alles automatesch virgesinn ass.

Eng Manéier, fir mat enger Kapsel säi Liiblingsbéier doheem ze produzéieren an ze genéissen: LG HomeBrew gëtt als innovativ "Béiermaschinn" virgestallt, déi ee Kapsel-System benotzt, deen d'Brauen esou einfach mécht ewéi nach ni, mat Hëllef vun enger Prozedur, déi mat engem Klick gestart gëtt.

RTL

© LG

Fir 5 Liter Béier ze kréien, dauert et ronn 2 Wochen. Mat engem Set vu Kapselen (mat Happ, Malz, Ueleg, Heef an Aromaen) geet et duer, fir dass d'Maschinn de ganze Recht automatesch mécht: d'Flëssegkeet muss fermentéieren ginn, Kuelestoff kréien an eng Zäitchen a Rou gelooss ginn. Den LG HomeBrew kann natierlech och zapen a këmmert sech och ëm déi ganz Desinfektioun an d'Botz vum System.

LG proposéiert 5 verschidde Béierzorte, fir selwer ze brauen: Hoppy American IPA, Golden American Pale Ale, Full-bodied English Stout, Zesty Belgian-style Witbier an Dry Czech Pilsner.

Duerch d'Kapsele bleift d'Maschinn méi propper a waarmt Waasser erméiglecht eng grëndlech Botz fir déi nächst Kéier. Et kann ee souguer d'Evolutioun vum Braue mat Hëllef vun enger App op iOS an Android suivéieren.

D'Maschinn kritt een am Moment nach néierens ze kafen, leider gëtt dat fir Chrëschtdag dëst Joer also näischt. Dofir gëtt den LG HomeBrew zu Las Vegas vum 8. bis den 11. Januar am Kader vum CES2019 virgestallt. De Präis vun dëser klenger Revolutioun fir doheem misst dann och hei ugekënnegt ginn.

RTL

© LG