Déi meescht gesichte Wierder am Joer 2018 op Google

Fir Lëtzebuerg ginn et keng präzis Resultater, dofir fënnt een awer wat d'Welt a wat eis Noperen alles gesicht hunn.
"Wéi kann ee Pompjee ginn?" dat ass d'Fro, déi sech déi meescht Fransousen dëst Joer gestallt hunn an der Rubrik "Wéi gëtt een...". Déi gréisste Progressioun huet iwwerraschenderweis de Phänomen "Gilets Jaunes" enregistréiert, si sinn op der éischter Plaz vun der Politik virun SNCF-Streik an dem Alexandre Benalla.
An der Aktualitéit fënnt een natierlech d'Weltmeeschterschaft, virum France Gall an dann op der 3. Positioun nees déi giel Gileten. D'Leit hunn nees dacks no Definitioune gesicht, op der éischter Plaz kënnt d'Wuert "Procrastination", dunn d'GPA (Leihmutter) an d'Wuert Transgender kënnt op déi 3. Plaz. D'Bigorexie, oder d'Sucht no Sport ass 4.
A Punkto Musek sinn d'Texter vu "Bella Ciao", "Bohemian Rhapsody" an "Mafioso" am Meeschte gesicht ginn. An der Kichen huet de Filet Mignon de Boeuf Bourguignon dëst Joer iwwerholl.
Bäi eisen däitschen Noperen ass d'Weltmeeschterschaft och allgemeng am Meeschte gesicht ginn, virum DanielKüblböck an dem Jens Büchner. An der Aktualitéit ass d'Moundfinsternis op der éischter Positioun, virun Euro Lira an der Hochzäit vum Harry mam Megan Markle. An Däitschland gouf och am meeschte no deene Serien gesicht: "Babylon Berlin", "Bad Banks" an "Tannbach".
An de "Wie" Froen, kënnt nees d'WM op déi éischt Plaz: "Wéi dacks war Frankräich scho Weltmeeschter?" virun der ganz strategescher Fro "Wéi muss Däitschland spillen fir virunzekommen?". Op der 3. Plaz dann nees Royals mat dëser Interrogatioun "Wéi heescht de Bouf vum Kate a William?". Et ass iwwregens den George.
Eng ganz Rei Promien hunn eis dëst Joer verlooss, an Däitschland koum den Jens Büchner op déi éischt Plaz vun dëser RIP-Lëscht, de schwedeschen DJ Avicii op der 2. Positioun an e weidere jonke Kënschtler op der 3. Plaz, de Mac Miller. Stephan Hawking an de Stan Lee kommen direkt duerno.
Op der ganzer Welt mierkt een natierlech eng ganz dominant Positioun vun der WM op der Sichmaschinn. Den Doud vum Mac Miller gouf ganz dacks gesicht, souwéi dee vum Avicii. De Royal Wedding tëscht dem Harry an dem Megan kënnt an der Rubrik "News" op déi 4. Positioun non der WM, nom Hurricane Florence awer virun de Resultater vun de Walen.
A Punkto Musek ass d'Demi Levato op der éischter Positioun vun de meescht gesichte Kënschtler op der Welt. Iwwerraschend ass och hei d'Präsenz vum Daniel Küblböck op der 3. Positioun steet nom Cardi B. Black Panther ass de meescht gesichte Film op der Welt, virun Deadpool 2, Venom, Avengers an Bohemian Rhapsody.