Online Systemer kenne keng Gefiller. Eng jonk Fra hat hire Bëbee bäi der Gebuert verluer a krut duerno nach laang Publicitéite fir jonk Mammen ugewisen.

Gillan Brockell ass Video-Editor bei der Washington Post an erzielt an engem Artikel, dass si schwanger war an d'Nouvelle op soziale Reseaue gedeelt huet, fir hiert Gléck mat Famill, Frënn a Kollegen ze deelen. Op Instagram huet si natierlech déi richteg Hashtage benotzt an iwwer Facebook op Publicitéit vu Kleeder fir schwanger Fraen geklickt. Logescherweis huet si duerno ganz vill aner passend Promoe gesinn.

Leider huet d'Gillian hire Puppelche bäi der Gebuert verluer. Wéi si dunn nees online war, krut si nees ganz vill Publicitéite gewise fir Poussetten, speziell Soutienen, fir ze nieren oder DVDen, fir de Schlof vum Kand ze verbesseren. Algorithmen haten ouni Problem verstanen, dass si schwanger war. Firwat huet dat duerno net geklappt?

Déi jonk Fra erkläert, dass si genuch Signaler "geschéckt" huet, andeems si op online Sichmaschinne Sujete gesicht huet, wéi "Bëbee beweegt sech net", oder krut Matleed Message vun hire Frënn a Kollegen, mat lauter Emojien, déi kräischen. Wéi kann et also sinn, dass dës Informatiounen net richteg analyséiert an interpretéiert goufen?

Engersäits ass et scho berouegend ze wëssen, dass déi grouss Internet-Nimm net alles iwwer hir Usere verstinn oder gewuer ginn. Et beweist, dass d'Systemer wierklech nach net alles verstanen hunn. Op der anerer Säit ass et natierlech traureg an haart, fir déi Leit, déi an esou enger schwiereger Situatioun sinn. D'Algorithmen, déi d'Publicitéiten online zilen, goufen op eng breet Mass programméiert a kënnen héchstwahrscheinlech net op déi eenzel, manner ordinär Fäll, reagéieren. Ongléck gëtt zum Beispill vill manner gedeelt, wéi Gléck oder Freed.

Dës onglécklech jonk Fra huet och déi grouss Technologie-Ris gefrot, eppes géint dëse Problem z'ënnerhuelen. Wouropper si geäntwert hunn, dass et eng Funktioun gëtt, fir dëse Genre vu Publicitéiten ze desaktivéieren. Leider konnt d'Victime an dëser traureger Zäit dës Astellung ni fannen.