4 Mythossen hu mir erausgepickt a mol analyséiert, op déi wierklech stëmmen oder just e Mythos bleiwen.

AUDIO: Maache Smartphone krank? - Reportage Julie Dupont

1. Mythos: Smartphones maache süchteg

Dës Ausso stëmmt. Effektiv huet d'Online-Sucht duerch de Smartphone weider zougeholl an eng ganz nei Dynamik kritt, sou de Suchtfuerscher Bert de Wildt, Chefdokter vun der Psychosomatescher Klinik Kloster Diessen bei München. Besonnesch d'Suchtpotenzial punkto Sozial Medien ass immens grouss.

Wann ee mueres als éischt muss op den Handy kucken nom Opstoen an och owes net aschlofe kann, ier een nach eemol kontrolléiert huet, ob een dann och sécher um neiste Stand ass an och soss nëmme schwéier eng Stonn ouni den Handy bei Hand aushält, ass d'Verhale problematesch.

Am beschten huet ee sech Zäiten oder Situatioune festzeleeën, déi einfach Handy-fräi musse sinn. Zemools virum Schlofe goen ass et wichteg minimum eng Stonn virdrun den Handy ewechzeleeën. Déi blo Luucht vum Handy hält eis nämlech waakreg, a verhënnert d'Produktioun vu Melatonin, engem Hormon, dat eis midd mécht an eis beim Aschlofen hëlleft. Also wann der wëllt schlofe goen: Fanger ewech vum Smartphone!

2. Mythos: D'Benotzung vum Smartphone ass schiedlech fir de Réck a fir d'Hänn

Dat stëmmt effektiv och. Doduerch dass de Smartphone-Display an -Tastatur an engems integréiert huet, gëtt et keng Aart a Weis sech richteg ze halen. Dëse Mythos ass iwwerpréift ginn duerch d'Analys vun 41 verschiddenen Etüden, déi sech mat deem Thema befaasst hunn an dobäi ass erausfonnt ginn, dass eng intensiv a konstant Notzung vum Smartphone, de Risiko vu Muskel-Skelett-Erkrankunge kann erhéijen.

Sou kann et zum Beispill zu Verspanungen am Beräich vum Genéck kommen, wann een eng länger Zäit um an doduerch och iwwert dem Handy hänkt. Seenenentzündungen am Beräich vun den Handgelenker oder den Dommen kënnen och duerch ze laangt schaffen um Smartphone kommen.

Sou hat 2014 eng spuenesch Patientin no 6 Stonnen Dauertippen eng Seenenentzündung direkt an deenen 2 Dommen. D’Dokteren haten och séier een Numm fir dës nei Kränkt fonnt: “Whatsappitis”.

3. Mythos: D'elektromagnéitesch Stralung vum Smartphone ka Kriibs ervirruffen

Aktuell ginn et nach keng Resultater déi dës Ausso beweisen oder entkräften. Bis elo hunn d'Fuerscher nach keen Indice dozou fonnt, an eng éischt Laangzäitstudien déi 2010 verëffentlecht gouf, koum zur Conclusioun, dass et kee gesondheetleche Risiko gëtt bei engem duerchschnëttleche Gebrauch vum Smartphone.

Allerdéngs goufen et divers Kritike vis-à-vis vun dëser Etüd, sou dass een zanter 2009 eng nei Laangzäitstudien ugefaangen huet, déi 290.000 Handy-Notzer a 5 verschiddene Länner observéiert. Wann een awer wëllt op Nummer sécher goen, kann een ëmmer op een Headset zréckgräifen oder iwwer Lautsprecher telefonéiere.

Ausserdeem ass d'Stralung méi niddreg, wann den Empfang gutt ass.

4. Mythos: Wann een den Handy an der Boxentäsch huet kann een onfruchtbar ginn

Dëse Mythos riicht sech éischter un d'Männer an huet sécher scho méi wéi eemol fir gro Hoer gesuergt. Ech kann iech do direkt eng Entwarnung ginn dir Hären: bis elo huet een nach keen Indice fonnt, dass den Handy ee Mann kann onfruchtbar maachen.

D'Spermiebildung gëtt ënnerdréckt, wann d'Temperatur an den Hoden ëm ee Grad klëmmt. Allerdéngs dréit den Handy definitiv net dozou bäi: sou hat d'“Bundesamt für Strahlungsenergie“ dëse Mythos ënnersicht an een Handy an engem Ofstand vun engem Zentimeter bei d'Hode gehalen.

D'Temperatur an den Hoden ass dobäi ëm manner wéi 0,01 Grad geklommen, also wäit genuch ewech vun engem Grad.