Privat-Fotoe vu 7 Millioune Leit duerch neie Problem accessibel

© afp
De Reseau huet e Freideg annoncéiert, dass nees 6,8 Millioune Leit vun engem Sécherheetsproblem duerch extern Appe betraff waren.
All d'Fotoen, déi um Netzwierk gedeelt, publizéiert oder eropgeluede gi sinn, goufen wären 12 Deeg am September accessibel gemaach. De Problem, deen no 12 Deeg geléist gouf, huet nëmmen déi Leit betraff, déi eng (oder méi) vun den 1.500 Appen installéiert hunn, an déi den Accord vum User krut, fir een Deel vun den Fotoen ze benotzen.
Vum 13. bis den 25. September goufen also all d'Fotoe vun deene Leit, dorënner och déi Fotoen déi net op hirer Säit publizéiert goufen, gedeelt. Et kënnen also och privat Fotoe sinn, déi mat Noriichte tëscht de verschidde Leit verschéckt goufen.
Facebook huet an engem Message erkläert, dass all déi Useren, déi vum Problem betraff waren, eng Noriicht vum Reseau géife kréien. "Et deet eis leed, dass dat passéiert ass", huet den Tomer Bar geschriwwen, den Engineering-Direkter vu Facebook.
De Grupp proposéiert och vun der nächster Woch un ee System deen déi 1.500 Appen benotze kënnen, fir erauszefannen wéi eng Usere vum Problem betraff waren, a virun allem och fir déi Fotoen erëmzefannen, déi ouni Erlaabnis gedeelt a verschéckt goufen.