Ouni grouss Iwwerraschung kommen déi Passwierder, déi een net benotze soll, nees op déi éischt Positioune vun dësem Klassement.

Verschidde Saache wäerte wuel ni änneren, leider. Et ass de Fall an der Sich vum Passwuert, an och am Klassement vun de populäerste Passwierder vun der Welt - eng Top25, déi vun der Firma SplashData virun e puer Deeg publizéiert gouf.

Hir Experten hu méi wéi 5 Millioune Passwierder analyséiert, déi bis elo dëst Joer geklaut goufen. Op déi zwou éischt Plaze kommen nach ëmmer "123456" an "password". Zanter de leschte Joren huet sech an där Lëscht näischt Guddes gedoen. Et gëtt natierlech Variante wéi "qwerty" oder "qwerty123" fir déi, déi op Nummer sécher wollte goen.

Et mierkt een dëst Joer awer e puer Neiegkeeten, wéi zum Beispill eng New Entry op der 23. Plaz: "donald" ass fir d'éischte Kéier mat dobäi. Ob domat dem amerikanesche President säin Afloss eppes ze dinn huet? Op der 20. Positioun fënnt een och eng nei Serie, déi verschidde Sécherheetsreegele probéiert ze respektéieren: "!@#$%^&;*", wat méi originell ass wéi d'Nummer 1, awer net vill méi sécher.

Och nei mat dobäi dëst Joer si Suitte vun enger Ziffer: "111111" an "666666". Firwat och net. Déi romantesch Leit um Netz bleiwe mat hirem "iloveyou" op der 10. Positioun, genausou héich wéi d'lescht Joer. "football" huet 7 Plaze verluer a "sunshine" ass nei dobäi op der 8.

Egal wéi léif, romantesch oder witzeg dës Lëscht ausgesäit: Keent vun deene Passwierder soll a Wierklechkeet benotzt ginn. D'Sécherheet vun engem Passwuert geet erof, wat dëst méi dacks benotzt gëtt. Wa Passwierder heefeg agesat ginn, komme se an eng Lëscht, déi gär vu Pirate benotzt gëtt, fir Konten ze hacken. Splashdata erënnert, dass e gutt Passwuert aus op d'mannst 12 Charaktere bestoe soll, mat enger Mëschung vu Symboler wéi "!@#$%^&*". Verschidde Buschtawe solle grouss geschriwwe ginn, ouni logesch Erklärung.

Et soll een och am beschte fir all online-Service een anert Passwuert benotzen an och drun denken, déi reegelméisseg ze wiesselen.