Google investéiert méi wéi eng Milliard Dollar zu New York

© afp
D'Mammegesellschaft Alphabet huet dës Woch bestätegt, dass se ronn 880 Milliounen Euro an der amerikanescher Stad fir een neie Site bezuele wäert.
Den Technologie-Ris wäert sech am Ufank als Locataire am West-Village-Deel néierloosse mat enger Optioun, fir dës Raimlechkeeten och spéider kafen ze kënnen. Et handelt sech ëm e puer Bürosgebaier mat enger Fläch vu ronn 160.000 Quadratmeter, déi integral an den neie Campus integréiert ginn.

© afp
Dat huet d'Finanzdirektesch vun Alphabet Ruth Porat an engem Communiqué matgedeelt. Dës fonkelnei Plaz, déi net wäit ewech vum Hudson Floss ze fannen ass, wäert Ufank 2020 a Betrib geholl ginn. Säin Numm: "Google Hudson Square".
Am Februar hat d'Mammegesellschaft vu Google schonn ugekënnegt, de ganzen Immobilien-Komplex "Chelsea Market" fir 2,4 Milliarden Euro kaf ze hunn. Déi "al" Büroen um Pier 57 sinn ze enk a ginn deemnächst och vum Internet-Ris verlooss.
Vun am ganze 94.400 Employéeë weltwäit schaffe 7.000 Leit fir Google zu New York. "Mat deenen zwou Investitiounen, Google Chelsea a Google Hudson kënne mer am Laf vun den nächsten 10 Joer d'Zuel vun eise Mataarbechter am Big Apple verduebelen",esou d'Ruth Porat. "New York ass eng grouss Talent-Reserve, déi aus alle Länner an Hannergrënn kommen, dofir si mer am Ufank vun den 2000er heihinner komm, a mir wëllen och hei bleiwen."
Mat dëser neier Investitioun an der Stad wäert Google dem Wall Street Journal no ee vun de gréisste Proprietären zu New York sinn.

© afp