Virun e puer Deeg huet e Member vum VW-Comité e puer Präzisiounen ginn zum zukünftegen Elektroauto vun der däitscher Mark.

De Jürgen Stackmann huet Infoen op Twitter publizéiert, intressant Detailer iwwer I.D, den neien Auto vu Volkswagen, deen 100% elektresch wäert sinn.

Genausou gutt fir an der Stad ronderëm ze fueren, wéi och méi wäit, dësen neie Modell, deen ongeféier esou grouss wéi de Golf gëtt, versprécht eng intressant Autonomie vu méi wéi 500Km.

Et ass net den eenzege Verglach mam meeschtverkaaften Auto vu VW, well de Präis misst ongeféier esou héich sinn, wéi dee vun engem Golf Diesel vun der leschter Generatioun, esouguer mat villen Optiounen. De Member vum Volkswagen-Comité schwätzt vun enger Präislëscht déi tëscht 19.000 an 25.000 Pond, e Präis also dee bäi eis tëscht ronn 21.000 an 27.000 Euro leie misst.

Der englescher Versioun vun Top Gear no misst de méi bëllege Modell eng Autonomie vun nëmmen 206 Miles hunn, dat sinn ëmgerechent 331 Kilometer.

Dës Woch huet den Jürgen Stackmann och mat Hëllef vun engem neie Video, deen a Südafrika gedréint gouf, präziséiert, dass dësen neien Elektroauto 2 elektresch Motore benotzt, fir intressant Sensatiounen ze garantéieren, awer och gutt Performancen op der Strooss.

Hei gëtt een och gewuer, dass den I.D vun 2020 un disponibel wäert sinn, awer dass een och säi Modell virbestelle kann, wéi et schonn bei verschidde Marken wéi Tesla de Fall ass.