No enger éischter Victoire vu Qualcomm a China breet sech de Sträit tëscht den zwou Firmen och an Europa aus.

Nodeems Qualcomm am juristesche Sträit mat Apple de Verkafsverbuet vun all den iPhone-Modeller bis zum X a China erzwongen huet, ass Däitschland elo och vun dëser Decisioun betraff. Den amerikaneschen Technologie-Ris hat probéiert, mat engem Software-Update ze reagéieren, leider ouni Succès. De chineseschen Ex-Partner reprochéiert Apple verschidde Patenter net respektéiert ze hunn.

Den europäesche Sträit betrëfft dës Kéier net Interface-Brevet'en, wéi dat a China de Fall war, awer direkt d'Material. Déi zwee Modeller 7 an 8 vum iPhone déi mat engem Intel Modem an engem Qorvo Chip equipéiert sinn, benotzen eng Technologie vu Qualcomm fir hir Autonomie ze booste fir déi Apple anscheinend keng Autorisatioun ugefrot huet.

Apple ass no der däitscher Entscheedung direkt an Appell gaangen, fir d'Iwwerliewe vun de betraffene Modeller bäi anere Verkeefer ze garantéieren. Allerdéngs goufen déi zwee Modeller direkt vun den däitschen Apple Stores erausgeholl, esou Reuters. Online sinn se bis op Weideres nach disponibel.

De Krich tëscht den zwou Firmen dauert schonn zanter e puer Joren, wéi Apple opgehalen huet Komponente vu Qualcomm ze benotzen. Apple hat als éischt attackéiert, mam Reproche dass déi chinesesch Firma ze héich Zommen a Form vu Royalties verlaange géif. Doropper hat Qualcomm mat Plainten a verschidde Länner geäntwert, fir Violatioun vu verschidde Breveten.

Fir Apple sinn d'Breveten nëmmen eng Excuse, fir hire Monopol nees zréckzekréien. Déi zwee Technologie-Gigante gesinn sech de 15. Abrëll zu San Diego viru Geriicht.