Nike bréngt Schong mat automatesche Stréckelen eraus
D'Generatioun 2.0 vum Modell "Hyperadapt" kënnt d'nächst Joer eraus. Eng Realitéit fir d'Fans vum Film "Back to the Future II".
Fir all déi Leit, déi d'Flemm hunn, hir Schong all Dag nees ze strécken, bréngt Nike eng revolutionär Léisung: de Schong, dee sech automatesch un de Fouss upasse kann.
De Mark Parker, CEO vun Nike, huet d'Nouvelle am Kader vun der Annonce vun de Projete vun Nike fir d'2. Semester 2019 ugekënnegt. D'Invitéë krute bei där Geleeënheet matgedeelt, dass den neie Schong well am Fréijoer misst erauskommen, fir d'éischt fir Basketspiller, dann och fir de breede Public.
Dass d'Schong hei automatesch gestréckt ginn, gläicht schonn e bëssen engem Dram aus dem Film "Back to the Future II" mam Marty McFly sengen Turnschong vun ... Nike!
Bis elo gouf de System manuell mat Knäppercher gesteiert, fir de Schong méi oder manner fest ze reegelen. Mam neie Modell, deen am Fréijoer 2019 erauskënnt, misst dat automatesch geschéien. D'Schong goufe mat Sensoren equipéiert, déi ganz genee wëssen, wéini den Drock gebraucht gëtt, oder net.
Fir sech esou e puer Schong ze besuergen, muss ee scho méi déif an d'Täsch gräifen, well hire Präis bäi 350 Dollar läit, dat ass e bësse méi wéi 300 Euro. Den definitiven Design vun deenen Turnschong gouf nach net vun der Mark offiziell presentéiert, mä en dierft net ze wäit vum Prototyp vum Hyperadapt 1.0 leien, deen 2016 presentéiert gouf.
