Eng ultra präzis Foto vu Shanghai mat 195 Milliarde Pixelen

© BigPixel
Nieft der onwahrscheinlecher Technologie, déi hannert dem Bild stécht, stellt sech och d'Fro vun der Privatsphär vun de Leit, déi hei geknipst goufen.
Ganz uewen op der Spëtzt vum Tuerm "Oriental Pearl" zu Shanghai huet déi chinesesch Firma Bigpixel eng Foto gemaach, déi eng Resolutioun vun 195 Milliarde Pixelen erreecht. Et kann een also verschidden Detailer ganz genee analyséieren an esouguer d'Gesiichter vun de Leit erkennen, déi ganz ënnen am Business-Quartier vun der Stad spadséieren.
Eng 360-Grad-Opnam déi op enger Héicht vun 230 Meter geholl gouf, mat enger Präzisioun, déi dës Foto zum 3. gréisste Bild vun der Welt gekréint huet. Méi wéi 8 Millioune Leit hunn d'Bild scho gekuckt a sech ameséiert, déi klengsten Detailer z'entdecken. Déi eenzel Biller, déi gespäichert goufen, sinn da vu Spezialiste wärend 2 Méint verschafft ginn, fir op dës ultra héich Opléisung ze kommen.
Mat der ganzer Opmierksamkeet, déi dëst Bild zanter e puer Deeg ugezunn huet, stellt sech elo d'Fro vum legale Kader. Wann een tatsächlech mëttlerweil esou präzis Biller vun enger Plaz produzéiere kann, wéi gesäit et mat der Privatsphär vun de Leit aus, déi dran ze gesi sinn? Dat Nämmlecht gëllt fir Autosplacken.
A China gëtt dës Technologie scho benotzt, fir déi Foussgänger ze fannen, déi net um Zebrasträifen iwwer d'Strooss trëppelen. Vu wäitem klappt et gutt, vu méi no kritt een eng exzellent Bildqualitéit, wat schonn Angscht mécht. E Programm, wat a China déi "gutt Awunner" mat Punkte belount, a Leit, déi ënner Anerem mam Bus ouni Ticket fueren, bestrofen. Esou ass all Mënsch an engem Klassement, an déi Leit, déi net méi genuch Punkten hunn, kréie verschidde Rechter gestrach, wéi dat an eisem Artikel beschriwwen ass.