"Die Unvollendete" vum Schubert vun enger AI fäerdeg komponéiert
En Dënschdeg gouf et zu London eng Representatioun vun der 8. Symphonie vum Franz Schubert déi vun enger kënschtlecher Intelligenz vervollstännegt gouf.
Déi 66 Museker vum English Session Orchestra hunn d'Sinfonie an h-Moll am Cadogan Hall vun der britescher Haaptstad interpretéiert, vun där déi drëtt a véiert Sätz bis elo gefeelt haten.
E ganz intressanten Challenge fir de chineseschen Telekom-Ris Huawei, deen esou beweise wollt, wéi staark seng Mate 20 Pro Smartphone beim Rechne sinn. Dës Apparater solle mat enger kënschtlecher Intelligenz gestäerkt gi sinn.
D'AI (artificial intelligence) gouf als éischt mat Wierker vum éisträichesche Komponist gefiddert, dorënner och déi 2 éischt Sätz vun der 8. Symphonie. De System, dee speziell mat ugepasster musikalescher Theorie an Technik programméiert gouf, huet d'Héicht, de Klang an d'Vitesse vun der Musek analyséiert. Duerno gouf d'Melodie vun den 2 Sätz generéiert déi gefeelt haten.
Op Basis vun deem wat d'Maschinn kennt a mat strikte Reegelen, schafen d'Algorithmen nei Téin am Stil a mat der gläicher Harmonie wéi déi vum originale Kënschtler.
D'Maschinnen hunn net eleng geschafft, de Filmmusek-Komponist Lucas Cantor huet d'Kreatioun iwwerwaacht an ass do intervenéiert, wou d'Roboter net genee richteg waren. Säi Choix a seng Orchestratioun ware schonn am Endresultat ze spieren.
Et ass net déi éischte Kéier dass eng kënschtlech Intelligenz bäi enger Konscht-Kreatioun matmécht. 2016 gouf esou e Lidd op Basis vum Beatles-Stil komponéiert. Méi rezent gouf och e Bild bäi Christie's zu New York fir 435.000 Dollar versteet wat komplett vun enger Maschinn entworf a gezeechent gouf.