Samsung diebelt säin neie Smartphone an ass och schonn 5G-Ready

© afp
Domadder ass Samsung déi éischt grouss Mark, déi ee Smartphone erausbréngt, deen een diebele kann, den zweete Modell ass kompatibel mat 5G.
Déi ganz Technologie-Welt huet op dës zwou Annoncen e Mëttwoch gespaant gewaart, nodeems 2018 de Smartphone-Maart eng éischte Kéier zréckgaangen ass. Innovatiounen an nei Funktioune ginn hei gesicht, fir d'Venten nees ze boosten.
Déi grouss Show vu Samsung zu San Fransisco war also déi bescht Geleeënheet, fir dësen Hybrid-Modell virzestellen. Smartphone an Tablett gläichzäiteg mat Hëllef vun dësem revolutionären Ecran, deen een diebele kann. De "Galaxy Fold" ass vum 26. Abrëll un an den USA disponibel, an déi Entwécklung kascht och eppes. De Basispräis läit bei 1.980 Dollar (ronn 1.747 Euro). Verschidden Experten hate scho geduecht, dass dëse Modell net bëlleg wier, mä si sinn der Meenung, dass all Gadget-Fan esou een Apparat muss hunn.
Den DJ Koh, Chef vum mobillen Departement bei Samsung, huet ganz kloer erkläert, dass d'Innovatiounen nach net eriwwer sinn an dass nach net alles an der Welt vum Smartphone gemaach ginn ass. Hie wëll de Skeptiker weisen, dass se net richteg leien, och wann de Maart eng gewësse Saturatioun kennt.
Gediebelt ass den "Galaxy Fold" 11,7 Zentimeter grouss. Et kann een deen duerch dësen Ecran opmaachen, den internen Deel ass dann 18,5 Zentimeter grouss, wat éischter d'Gréisst vun engem Tablett entsprécht. Wat den Ecran méi grouss ass, wat de User méi Appen benotzt, eng gutt Verstäerkung fir d'Smartphone-Welt.
Déi chinesesch Start-up Royole hat beim leschten CES zu Las Vegas den éischte Smartphone op der Welt mat engem flexibelen Ecran virgestallt, dee mat engem hauseegene Betribssystem funktionéiert. Méi bëlleg awer méi schwéier, gëtt et de Modell an der Virbestellung.
Een 2. Modell, dee mat der ultra-séierer 5G kompatibel ass
Déi aner Revolutioun kënnt vum GalaxyS10 5G. Esou ass dëse Smartphone offiziell den éischten, dee lancéiert gouf, och wann aner Marken dat och schonn eng Zäitchen annoncéiert hunn, awer ouni konkret Beweiser. E misst am 2. Trimester vun dësem Joer erauskommen a fir d'éischt bei Verizon an den USA ze kréie sinn.
De 5G Reseau ass am Gaangen op der ganzer Welt entwéckelt an, am beschte Fall, installéiert ze ginn. Hei zu Lëtzebuerg misst den ultra-séiere Reseau vum nächste Joer un op verschidde Plazen ze kréie sinn.
De GalaxyS10 gëtt et a verschidde Varianten, déi jee no Modell e besseren Ecran, eng méi staark Kamera oder Batterie installéiert kréien. D'Präislag läit tëscht 749 an 1000 Dollar (660 an 882 Euro). Esou wéi bei Apple ginn d'Gammë gespléckt, fir de Leit d'Geleeënheet ze offréieren, sech dee Modell erauszesichen, dee se wierklech brauchen an déi si sech och leeschte kënnen. Esou kéint de Marché och gehollef kréien, nees schwaarz Zuelen schreiwen ze kënnen.

© afp