Dëse Smartphone léist "Trypophobie" bei verschiddene Leit aus

Et schwätzt een an dësem Fall vun engem Eekel viru lauter klenge Lächer. D'Trypophobie ass nach kontroverséiert awer reell.
Ufank Januar hate mer iwwert den neien Nokia 9 PureView bericht, deen dës Woch am Kader vum WMC zu Barcelona presentéiert gouf. Den Highlight vum Smartphone sinn ouni Zweiwel déi 5 Kameraen vun der Mark Zeiss, déi op der hënneschter Säit installéiert goufen an eng eenzegaarteg Experienz beim Fotograféieren ubidden.
5 Kameraen mam gläiche Fokus, plus e Flash an nach e Sensor. 7 Lächer déi eng aner, éischter ongewinnt Reaktioun bei verschidde Leit ausléisen: Trypophobie. D'Angscht oder an dësem Fall den Eekel viru Lächer, déi ganz no beienee sinn.
Trypophobie ass bis elo net als Phobie offiziell klinesch unerkannt ginn. De Begrëff gouf vun engem Student lancéiert an dës nei "Phobie" huet natierlech hir Plaz um Internet fonnt, mat Hëllef vu Leit, déi sech online als Trypophob geout hunn. Déi betraffe Leit fillen sech onwuel wann se eng Sammlung vu klenge Lächer oder onreegelméissege Mustere gesinn. Déi indesch Lotus Blumm gëtt dacks als Beispill geholl.
Et goufe bis elo wéineg Studien iwwer dëse Phänomen publizéiert, Fuerscher sinn der Meenung, dass et hei ëm Iwwerreschter vun enger Upassung an der Evolutioun vum Mënsch geet.
Eng gutt Nouvelle fir all déi Leit, déi un Trypophobie leiden: et gi genuch aner Smartphonen déi se benotzen a kafe kënnen.