EU-Kommissioun
Zwee Konkurrenz-rechtlech Verfare géint Apple

© AFP
D'EU-Kommissioun huet en Dënschdeg zwee Konkurrenz-rechtlech Verfare géint Apple ageleet.
Dat engersäits wéinst der Bezuel-App vum US-Amerikanesche Konzern "Apple Pay" - aner Bezuel-Appe sinn nämlech net erlaabt. Anerersäits ginn d'Konditiounen iwwerpréift, déi Apple un d'Entwéckler vun Applikatioune stellt.
Hannergrond ass hei eng Klo vum Musek-Streaming-Déngscht Spotify. Dat Ganzt kéint Apple eng deier ginn - Google zum Beispill krut schonn eng Strof vun iwwer 8 Millioune vun der EU-Kommissioun, wëll d'Entreprise sech net un d'Konkurrenzreegele gehalen hunn.
Am meeschte gelies