Lu.-Internetadress mat 1-2 Zeeche elo accessibel
Vum 31. August 2020 un ass et méiglech esou kuerz Domainen zu Lëtzebuerg unzefroen.
Iwwert eng Period vu 15 Woche solle sou ronn 2.800 nei .lu-Registréierungen zougänglech ginn. D'Umelle vun den Internetsäite wäerten an 3 Etappen opgemaach ginn:
- Vum 31. August bis den 30. Oktober 2020, wärend der sougenannter Sunrise-Phas, ass fir Firmen a gréisser Betriber
- Vum 2. November bis de 14. Dezember, wärend der Landrush-Phas, kënne Privatpersounen Domainë mat 1-2 Zeechen umellen. Dëse Prozess wäert iwwert eng Stee lafen
- De 15. Dezember ass et da méiglech nach déi Internetadressen ze huelen, déi am Virfeld net reservéiert goufen
An de fréien 2000er Jore gouf d'Reservéiere vun Domainë mat nëmmen 2 Zeechen ausgesat, dat wéinst engem Software-Defekt. Op alle Fall ënnersträicht Restena, dass d'Nofro vun esou Domainen extrem héich ass. Dohier gouf och elo decidéiert, dës Adresse fräi ze ginn.