Keng international Digitalsteier bis Enn dës Joers a Siicht

© AFP/Archiv/Damien MEYER
Zil wier et, eng gerecht Besteierung vu grousse Konzerner anzeféieren, déi an Europa kaum Steiere bezuele mussen.
Ma bei de Beméiungen ëm dës Steier ass bis Enn dës Joers awer keen Duerchbroch a Siicht. Dat geet aus engem Rapport vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) ervir, deen e Méindeg zu Paräis verëffentlecht gouf.
Den OECD-Generalsekretär Angel Gurría warnt viru Steierkricher, déi Handelskricher kéinte ginn, wa keng weltwäit Léisung fonnt gëtt. Déi 20 gréissten Industrie- a Schwellelänner (G20) haten an deem Kontext eng Eenegung op eng international Digitalsteier gefuerdert.
Et wier een um richtege Wee, awer nach net ukomm, sot den Achim Pross, däitschen OECD-Leeder zu Berlin. Sengen Informatiounen no wéilt d'Organisatioun bis Mëtt 2021 "zu enger Léisung kommen".
Mat 137 ënnerschiddleche Staaten huet d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung verhandelt. Als éischten EU-Staat hat Frankräich esou eng Steier op nationalem Niveau agefouert. Vun amerikanescher Säit aus gouf dës awer als "onfair" bezeechent. Den Donald Trump huet d'Moossnam schaarf kritiséiert, well se virun allem US-Konzerner betrëfft.