Roboter am Asaz
Science-Fiction um Chantier
Wann een iwwer Digitalisatioun am Bausecteur schwätzt, dann denkt ee villäicht u Pläng, déi um Computer entstinn.
Mä et denkt een net onbedéngt u Roboter, déi Chantieren ausmoosse ginn an dobäi ausgesinn, wéi wa se kéinten an engem Star-Wars-Film matspillen.
Den "Spot", sou heeschen dës nei Aarbechtskolleegen, ass awer fir den Entrepreneur eng grouss Hëllef. Si kënnen hei nämlech deels geféierlech Mooss-Aarbechten iwwerhuelen, déi vum Mënsch vläicht manner präzis kënnen duerchgefouert ginn.
Entwéckelt goufen dës Roboter-Hënn vun "Boston Dynamics" aus den USA an elo si se dann och an Europa op den éischte Chantieren aktiv.
Am meeschte gelies