Warner Bros., CNN, HBO an Discovery wëlle fusionnéieren

© AFP Archivbild
Fir mat der Konkurrenz wéi Netflix an Disney+ kënne matzehalen, wëlle WarnerMedia an den TV-Konzern Discovery sech zesummendinn.
Mat der Fusioun mam Streaming-Service Discovery entsteet en neie Medien-Ris, zu deenen och d'Sendere CNN, HBO, TNT an TLC gehéieren.
AT&T soll mat 43 Milliarden Dollar Cash, Aktien an a Form vun enger Scholdeniwwernam profitéieren. Déi Leit mat Partë vun AT&T sollen donieft en Undeel vun 71 Prozent un der neier Firma kréien.
Eréischt 2018 hat de Konzern fir 80 Milliarden Dollar Time Warner opkaaft an a WarnerMedia ëmbenannt. Zu där Entreprise gehéiert och den Hollywood-Studio Warner Bros. Fir deen Deal hat sech AT&T immens verschëlt, dohier versprécht ee sech elo vill vun der Fusioun mat Discovery. Ëmmerhin bedreiwe si eegenen Aussoen no Senderen an 220 Länner, dorënner Eurosport.
Chef vum neie Medien-Gigant soll den Discovery-Chef David Zaslav ginn.
D'Tëlee- a Filmgeschäft ass den Ament an engem Wandel mam Haaptaccent op Streaming-Servicer. Déi feieren zanter der Pandemie ee risege Succès. Op deen Zuch wëll natierlech jiddereen drop sprangen. Netflix an Disney sinn do besonnesch staark Konkurrenten.