En ass zanter 1990 do uewen
Zanter e puer Deeg ass de Weltraumteleskop Hubble ausser Betrib

Wéi d'Nasa e Freideg matgedeelt huet, hätt een e Problem mam Computer festgestallt, deen déi wëssenschaftlech Instrumenter vum Teleskop steiert.
Den Hubble hätt sech dorobshi selwer ausgeschalt a konnt net méi ugemaach ginn. De Weltraumteleskop gouf vun der Nasa, zesumme mat der europäescher Weltraumagence Esa entwéckelt an huet de Mënschen en extraordinären Abléck ginn an eise Sonnesystem, awer och Galaxie wäit vun der Äerd ewech.

Am meeschte gelies