AFP a Facebook annoncéieren
Kuerz viru Bundestagswalen: Faktencheck elo och op Whatsapp

An der Lutte géint d'Fakenews schaffen d'AFP an Facebook elo nach méi enk zesummen. Betraff sinn d'Redaktioune vu Berlin a Wien.
User a Userinne kënnen hir Ufroen op déi däitsch Nummer 0172/2524054 schécken. En Chat-Bot soll dann hëllefen, fir d'Informatiounen ze kontrolléieren a Fake News ze identifizéieren. Als Äntwert kritt een dann en AFP-Faktencheck. Fir dëst ze betreien, huet AFP extra en neie Redakter agestallt.
Déi kënschtlech Intelligenz vum Chat-Bot soll mat all Ufro dobäiléieren. Mat der Hëllef vun dësem Programm hofft een, méi séier an zilgeriicht Äntwerten ze kënnen an och op vill Ufroe kënnen ze reagéieren.
Am meeschte gelies