Aus Protest géint en ëmstriddene Corona-Podcast hu Kënschtler wéi den Neil Young hir Musek vum Streamingdéngscht erofgeholl. Elo reagéiert d'Plattform.

D'Streamingplattform Spotify wëll an Zukunft op all Bäiträg iwwert de Coronavirus en Hiweis maachen, deen Notzer zu wëssenschaftlech fundéierten Informatiounen aus zouverlässege Quelle féiere soll. Dës Initiativ géint Falschinformatioune wäert an den nächsten Deeg weltwäit ëmgesat ginn. Dat huet de Grënner a Chef vu Spotify, den Daniel Ek, an engem Blogpost op der Plattform matgedeelt. Domat géing Spotify op seng User agoen, déi an de leschten Deeg Froen iwwert d'Grenz tëscht akzeptabelen an inakzeptabele Contenue vun der Plattform opgeworf hätten, huet et weider geheescht.

Virop haten e puer Kënschtler, dorënner den Neil Young an d'Joni Mitchell, ugekënnegt, hir Musek vum Streamingdéngscht erofzehuelen. Domat hu si géing dem ëmstriddenen awer héchst erfollegräiche Podcast "The Joe Rogan Experience" manifestéiert. Dëse war Spotify Schätzungen no 100 Milliounen US-Dollar wäert, wat den Joe ROgan zu engem vun de beschtbezuelten Entertainer op der Welt mécht. Am Januar hunn 270 Medezinner a Wëssenschaftler ee oppene Bréif u Spotify ënnerschriwwen, an deem si dem Podcaster virwerfen, Verschwörungstheorien a falsch Tatsaachen ze verbreeden.

Instagram Joe Rogan

Et wéilt ee sengen Notzer Accès zu alle Musek- an Audiocontenue ginn, heescht et an engem Communiqué vum schweedesche Streamingdéngscht. D'Entreprise hätt awer Richtlinnen an zanter dem Ufank vun der Pandemie wiere méi wéi 20.000 Podcast-Episode mat Bezuch op de Virus aus der Offer geläscht ginn.

An der Debatt huet sech och den Joe Rogan selwer zu Wuert gemellt. An engem Video vu knapp zéng Minutten sot de 54-Joer alen Host mat Bléck op den Neil Young an d'Joni Mitchell: "Et deet mir leed, datt si sech esou fillen, dat ass ganz sécher net, wat ech wëll. Ech sinn e groussen Neil-Young-Fan." Iwwert seng eege Show sot hien: "Ech plangen alles selwer a maachen et net ëmmer richteg." Doriwwer eraus war de Moderator domat averstanen, datt de Streamingdéngscht Episoden zu Covid-19 an Zukunft markéiere wéilt. Kuerz no der Publikatioun vum Video gouf dëse well zwou Millioune Mol gesinn.