Wie sech vu Klengem u fir den All interesséiert, huet vläicht d'Chance, reell als Astronaut dohin ze reesen, esou war et mol beim Raphaël Liégois gaangen.

Vun iwwer 1.000 Kandidaten, déi sech gemellt haten, war et de Raphaël, dee vun der ESA zeréckgehale gouf.

Ëm esou méi wichteg ass et fir hien, dass eis Nokomme sech schonn am fréien Alter fir de Weltall interesséieren. Am Alter vu 35 Joer ass hien ee vun deene nächste 5 Europäer, déi dëst tëscht 2026 an 2031 erliewe wäerten, andeems en op d'ISS flitt. An deem Kader haten 200 Schüler aus dem belschen Enseignement d'Geleeënheet, fir dem Raphaël Liégeois am Euro Space Center zu Libin, Froen ze stellen.