Wat stécht derhannert?
Twitter ass op den Hond komm

Zanter e Méindegowend ass op Twitter de Logo vun Dogecoin ze gesinn, déi genee Hannergrënn sinn net bekannt.
Mat Twitter bréngt een de bloe Villchen a Verbindung, vill User dierften sech gewonnert hunn, datt elo de Logo vun der Kryptowärung Dogecoin ze gesinn ass.
Nodeems den Twitter-Chef Elon Musk de Logo geännert huet ass de Cours vun Dogecoin an d'Luucht gaangen.
Déi spezialiséiert Plattform Coinmarketcap schätzt de Wäert vun dëser Kryptowärung op ronn 13 Milliarden Dollar, domat wier se op Plaz 8 vun de wichtegsten.
Bis ewell huet Twitter, respektiv hire Chef, den Elon Musk net erkläert wisou een dat gemaach huet.
Am meeschte gelies