Vum Crypto-Influencer an de Boxsport
Déi Meescht kennen de Lëtzebuerger Scott Kirsch als Bitcoin-Expert aus der TikTok oder Twitter-Crypto-Community.
De 25 Joer ale Business-Student huet nämlech eng grouss Passioun fir Kryptowärungen. Dës deelt hien op de sozialen Netzwierker an huet sech domat ënnert dem Numm "Trading Lord" eng gréisser Fangemeinschaft opgebaut. Ma de Scott sicht ëmmer rëm no neien Challengen a spektakulären Aktiounen. A sou koum et, dass hien Enn 2022 un engem Boxkampf deelgeholl huet, obwuel hie bis dohinner nach guer net an dëser Sportaart ënnerwee war.
D'Crypto-Fight-Night gouf vum fréiere Box-Weltmeeschter Amir Khan an d'Liewe geruff an ass en offiziellt Evenement vum World Boxing Council (WBC). Hei ginn eng 7 bis 8 Kämpf tëscht verschiddenen Influencer aus dem Beräich vun de Crypto-Wärunge gewisen. Obwuel Amateure géinteneen untrieden, handelt et sech ëm richteg Boxkämpf.
Den Nicolas Havé huet de Lëtzebuerger "Trading Lord" am Virfeld vum Boxkampf beim Training begleet a war dann natierlech och zu Dubai um groussen Dag derbäi.