D'Bundeskartellamt stellt Apple ënner verschäerft Iwwerwaachung

© AFP/Pau BARRENA
No Google, Facebook an Amazon huet déi däitsch Antikorruptiounsagence elo och den Technologiekonzern Apple ënner verstäerkt Beobachtung gesat.
Wéi de Chef vum Bundeskartellamt Andreas Mundt e Mëttwoch zu Bonn matgedeelt huet, hätt de Konzern aus dem kalifornesche Cupertino eng wirtschaftlech Muechtpositioun, déi sech iwwer e puer verschidde Marchéë verdeelt.
De Mundt huet an deem Kontext ënner anerem op d'Zesummespill vun de verschiddenen Apple-Produitë wéi zum Beispill dem iPhone, dem Betribssystem iOS an dem App Store verwisen.
De Konzern géif en ëmfaassenden digitalen Ekosystem, mat engem groussen Afloss op déi wirtschaftlech Kompetitioun an Däitschland, Europa an der Welt, bedreiwen.
An Zukunft géif ee besonnesch gutt drop oppassen, ob Apple net géint d'Kompetitivitéitsrecht verstousse géif.