A 17 Länner sinn d'Ermëttler géint Bedreiwer a Clienten vun der Darknet-Plattform "Genesis" virgaangen. Do gouf mat geklaute Daten gehandelt.

Elleng an Däitschland gouf et Razzië an 68 Objete géint 58 Verdächteger. D'Bundeskriminalamt huet deemno zesumme mam US-amerikaneschen FBI an der hollännescher Police eng gemeinsam, zäitgläich Aktioun koordinéiert. Dat geet aus engem Bericht vun der brittescher Policeagence NCA de 5. Abrëll ervir. Weltwäit waren den Dag virdru schonn 120 Persoune verhaft ginn, dobäi koum et och zu ronn 200 Perquisitiounen.

Op der Plattform "Genesis" goufe geklauten Donnéeë verkaf. De Moment, wou d’Razzië waren, konnten d’Beamte feststellen, datt d'Donnéeë vun 2 Millioune Leit grad um Marché ugebuede goufen, sou Europol.

De Beschëllegte gëtt eng Abberzuel vu Bedruchsdelikter am Online-Handel souwéi aner Doten, wéi zum Beispill dem Ausspionéieren, Fälschen  a Schmuggel vun Date wéi och Geldwäsch, reprochéiert. Iwwert den "Genesis"-Marché goufen ënner anerem geklauten Zougangsdaten zu de verschiddensten E-Commercen an Online-Bezuelservicer ugebueden. D'Plattform war déi gréisst vun hirer Aart, et gouf se zanter 2018 an d'Date vun 80 Millioune Konte goufen do vermëttelt.

Déi hollännesch Police huet eng Säit ageriicht, op där een iwwerpréiwe kann, ob déi eegen E-Mail-Adress um Darknet gehandelt gouf.