Eng virtuell Spriecherin soll an Zukunft d'Noriichte virliesen, déi mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz kreéiert gouf.

Op Twitter huet d'Websäit "Kuwait News" elo e Video publizéiert, deen eng blond computer-generéiert Fra mat engem wäissen T-Shirt a wäisse Blazer weist, a sech als "Fedha" virstellt. Se wier "déi éischt Moderatorin am Kuwait", déi mat kënschtlecher Intelligenz schafft, seet se a klasseschem Arabescht a freet:"Wéi eng Zort vun Noriichten hutt dir als Preferenz? Loosst eis är Meenung héieren."

D'Websäit selwer gehéiert zu der englescher Zeitung "Kuwait Times" an et géif am Moment d'Potential vu kënschtlecher Intelligenz getest ginn, fir "nei an innovativ Contenuen" ze liwweren, esou de Vize-Chefredakter Abdullah Boftain der AFP géigeniwwer. Wéi genee d'Spriecherin oder déi presentéiert Contenue vun der KI ënnerstëtzt ginn, ass am Moment nach net kloer.

Fedha wier en alen a beléifte Virnumm am Kuwait, deen sech op d'Metall Sëlwer géif bezéien. Roboter géif een sech dacks aus Metal an am Sëlwer virstellen, dofir hätt ee béid Saache kombinéiert. D'Fedha géif d'Diversitéit vun der Populatioun am Kuwait representéieren, heescht et weider vun offizieller Säit.

D'Reaktiounen zum 13 Sekonne laange Video hunn dann och net laang op sech waarde gelooss. Op der enger Säit wiisst d'Suerg an Zukunft nach eng Aarbechtsplaz ze fannen, op der anerer Säit kritiséiert een d'Gefor vu méigleche Fake-News. Kuwait läit jo "Reporter ouni Grenzen" no op der 158. vun 180 Plazen am Ranking vun der Pressefräiheet.